Mediatioun

Mediatioun gëtt als Kommunikatiounstechnik genotzt, fir Betriber, Schoulen oder Organisatiounen an der Konfliktpreventioun gezielt ze begleeden.

Mediatioun

Mediatioun gëtt als Kommunikatiounstechnik genotzt, fir Betriber, Schoulen oder Organisatiounen an der Konfliktpreventioun gezielt ze begleeden.

Die bittersten Worte, die Menschen einander sagen, wirken selten so entzweiend wie die ungesprochenen, die der eine vom anderen vergeblich erwartet.

Vermëttlung am Konflikt

Mediatioun bitt d’Méiglechkeet een Konflikt an engem geschützte Kader konstruktiv ze léisen. Dëst mat der Ënnerstëtzung vun engem Mediator, deen d’Parteien am Prozess zu enger zefriddestellender Léisung fir jidderee féiert. Hei ass et wichteg ze wëssen, datt all Partei fräiwëlleg an aus der Eegeverantwortung raus un enger Médiatioun deelhëlt a jidderengem säin Interessi consideréiert gëtt.

Mediatioun gëtt als Kommunikatiounstechnik genotzt, fir Familljen, Betriber, Schoulen oder Organisatiounen an der Konfliktpreventioun gezielt ze begleeden. Sou kënne Sträitsituatiounen déseskaléiert, Gespréicher gekonnt berouegt an een empatheschen Ëmgang mateneen erméiglecht ginn. Een adequat Zesummespill vu Verbaler a Non-verbaler Kommunikatioun ass vu grousser Wichtegkeet.

  • Kanner & Jugendlecher kënne spilleresch an altersgerecht un eng Sträitfräi Kommunikatioun gefouert ginn.
  • Eltere kreativ a friddlech Moyen mat op de Wee ginn an der Begleedung vun hire klengen a grousse Kanner.