In deiner Nähe muss ich mich nicht entschuldigen, nicht verteidigen, muss ich nichts beweisen; (…) über meine ungeschickten Worte, über die Urteile hinweg, die mich irreführen können, siehst du in mir einfach den Menschen.
Antoine de Saint-Exupéry
Oft ass Riets vu Verhalenskreativen, onzefriddenen, rausfuerderenden oder einfach ustrengende KaJu. Vum Bebe bis zum Erwuessenen Alter, duerchliewen d’ KaJu, déi verschidden Entwécklungsphasen an deene gezielte Léierprozesser stattfannen.
Ëmmer méi, sinn och sinn onzefridden a sinn engem gewëssen Alldagsdrock ausgesat.
Dëst iwwer adaptéiert an ugepassten Entspanungseenheeten, déi de KaJu erlaben hier psychesch Ressourcen opzebauen. Als Educatrice Graduée, Kannerentspanungstrainerin a Mamma vun 3 KaJu, ass d’Wuel vun de KaJu mir ee besonnescht Uleies a menger Aarbecht. Sou ass dee Programm deen ech ubidden aus 20 Joer Erfarung, an der Betreiung a Begleedung vu Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuessenen opgebaut ginn. De Fokus läit am Wuelbefannen, wouerhuelen a bewosst gi vu den eegenen Emotiounen. Dëst andeems d’ KaJu a Rou, Methoden a Moyen mat op de Wee kréien, déi si gezielt fir sech an hiert Equiliber kënnen notzen an asetzen. Hinne Méiglechkeeten ubidden, friddlech mat sech selwer an hirem Géigeniwwer ze kommunizéieren. Sech hire Bedierfnesser bewosst ze ginn an déi an hirem Besoin auszedrécken.
Ugebuede gi villfälteg Méiglechkeete vu klasseschen Entspanungsmethoden. Vun Otemübungen an sech selwer wouerhuelen, zu Autogenem Training, Yoga oder progressiver Muskelrelaxatioun, sou och Entspanungs-, Kierper a Fantasiereesen Allgemenge kann ZeFriddenheet zwëschen Erwuessenen a KaJu verstäerkt ginn, wann och den Erwuessenen u Verhalenskreativitéit gewënnt.
Dofir bidden ech och Workshop’en a Formatioune fir déi Erwuessen un, sou datt d’ KaJu a hirer Entwécklung mat Freed ënnerstëtzt a gefërdert däerfe ginn. Dëst gëllt fir Elteren, Erzéier, Léierpersonal, Begleeder, u sech fir jiddereen deem d’ Wuel vu KaJu um Häerz läit.