Wir wissen wohl, wer wir sind, aber nicht was wir werden können.
William Shakespeare
Looss eis zesummen däi Potenzial, deng Ressourcen an deng Perséinlechkeet entdecken an entfalen.
Hues du d’Gefill,
Eigentlech hues du alles wats du brauchs fir kënne glécklech ze sinn, an awer bass du onzefridden, einfach onglécklech an dengem Liewen!
Als graduéierten Trinergy Coach, Mental-Trainer an ausgebilt an der Hypnose Humaniste, begleeden ech dech an der Verwierklechung vun dengen Zieler, Visiounen an Dreem. Ech schaffen mat där u bewosste an onbewosste Blockagen, sou dat’s du mat Kloerheet a Stäerkt däin zukünftege Wee fir dech kanns goen.
Ech ënnerstëtzen dech an der Iwwerwannung vu perséinlechen a berufflechen Erausfuerderungen, dem Wonsch vu Weiderentwécklung a beim Erreeche vun dengen Zieler. Schaffe mat der déi Hindernisser of, déi dech am Liewen drun hënnere weiderzekommen. Dëst geet vun Zäitmanagement iwwer déi perséinlech Entwécklung bis hin zu enger positiv aktiver Roll am Dialog a Liewe fannen.
Looss eis zesummen däi Potenzial, deng Ressourcen an deng PerséinlECHkeet entdecken an entfalen. Sou datt Freed a Liichtegkeet den Dirigent vun dengem Liewe ginn. Dofir erlab där an erschaf Fräiheet an denge Gesten, Kloerheet an dengen Gedanken sou wéi Rou an dengem Liewen.
Komm mir entdecken zesumme bei mir am OuRRou, beim spadséieren am schéinen Ourdall oder gemittlech op enger Bänk beim Floss an och online, wat alles méiglech ass. Ganz an dengem Rhythmus an individuell un dech ugepasst, entwéckele mir zesummen wats du fir dech brauchs a scho laang gesicht hues.
Ech freeë mech, dech an denger PerséinlECHkeetsentwécklung ze begleeden