Ent'wéckel dech! Marina Clement
Stärkten erkennen
an ausbauen

Ech begleeden de Mensch a senger perséinlecher Entwécklung, ënnerstëtzen hien seng Bedierfnësser bewosst ze kommunizéieren an ze erkennen.

Coaching

Fir dech individuell & beruflech an denger PerséinlECHkeetsentwécklung ze begleeden.

Mediation

Fir Konflikter anescht unzegoen an sou verstridden Parteien nohalteg a Léisungsorientéiert ze begleeden.

KaJu

Fir sou fréi wéi méiglech Ausgeglach, Gestärkt an Zefridden, Mënsch ze sinn.

Kennegeléiert hunn ech d’Marina 2017 duerch eng gemeinsam Frëndin. An deene Jore virdrun hunn ech stur divers Schicksalsschléi an der Famill ënnert den Teppich gekiert an hu méi oder manner aus Fuerwatz deen éischte Rendez-vous zu Stolzebuerg geholl. Ganz séier sollt sech rausstellen, dass dem Marina seng direkt a positiv Art a Weis a seng Methoden gënee dat Richtigt sinn fir mech aus der Reserv ze lackelen. Mir si ganz vill verdrängten Emotiounen a Verhalensmuster bewosst ginn a lues a lues hunn ech geléiert regelméissig Recul ze huelen an et geléngt mer well ziemlich gutt se ze duerchkucken an ze duechbriechen. Ech ginn awer weiderhin immens gäeren dohinner, nik nëmmen well ech d’Marina als Mënsch immens gäer hunn, mee och well et flott ass an deem Kader nei Energie ze tanken a gemeinsam ze kucken wou de Schung nach heinsdo dréckt.

Nadine Barbel

Kommunikatioun a PerséinlECHkeetsentwécklung

Kommunikatioun a PerséinlECHkeetsentwécklung

Salut, ech sinn d’ Marina!

Fënnefsproocheg opgewuess, hat ech d’ Chance vu klengem un matt ville Leit kommunizéieren ze kënen. Wouhier warscheinlech scho fréi den Intérêt fir d’ Kommunikatioun hier kënt. Sou hunn ech fréi dierfen interkulturell Ënnerscheeder liewen an d’Vielfältegkeet vum Mensch beobachten. Am Zesummeliewen vu verschiddenen Kulturen war de Wonsch ee Beruff auszeüben deen am Notzen vum Mensch war, définéiert.

Et kann een net net kommunizéieren

Sou hunn ech scho fréi als Responsabel Kannergruppen betreit an animéiert, bis ech du selwer Mama gi sinn. Als Educatrice Graduée hunn ech meng beruflech Erfahrungen am Beräich vun der intelektueller Beanträchtegung gemaach. Hei ass de Volet vun der non-verbaler Kommunikatioun beräichert ginn. An d’Verständnis vum Watzlawick sengem berühmte Saatz „Et kann een net net kommunizéieren“ gewuess. Matt der Verantwortung als Co-ordinatrice vun inklusive Projet’en am soziale Beräich, ass d’ Bewosstsinn komm, datt den Erfolleg vu Projeten u konstant, éierlecher a transparenter Kommunikatioun ofhängeg ass.

Zoufäll déi keng sinn

Matt der Fro beschäftegt, wéi de Wee kéint sinn, datt méi Leit enger Aarbecht kéinten nogoen déi Sie als sënnvoll gesin, hunn ech de Choix getraff, mech intensiv matt Kommunikatioun a Perséinlechkeetsentwécklung ze beschäftegen. Begeeschtert vun de Moyen déi Kommunikatioun fräisetzt a dem Verständnis wéini se aschränkt, hun ech meng Ausbildung zum Coach a NLP-Trainer zu Wien lancéiert. Weider firwëltzeg an Zoufäll déi keng sinn, hun ech eng Formatioun an der Déierekommunikatioun gemaach. Een interessanten Volet deen ech wollt kenneléieren an mär d’Vue op enger Zorte Kommunikatioun erméiglecht huet.

Awer ouni Kompromësser

No Theorie a Praxis an de Geheimnësser vu Kommunikatioun matt Mensch an Déier, ass mäin Intérêt gewuess, wéi Mënschen verfaangen am Konflikt rëm zu enee këne fannen, ouni awer Kompromësser mussen anzegoen. Sou hunn ech mäin MBA Studium matt der Spezialisatioun Médiatioun ugefaang (Liewenslaf). Weiderhin begeeschtert vun der Kommunikatioun an all sengen Ent’wécklungen déi méiglech sinn, sinn ech iwwerzeegt, datt all Aarbecht a Verännerung bei sech selwer ufänkt.

An deem Sënn, komm an d’OuRRou an Ent’wéckel dech zu deem, deen dech Moies matt engem Laachen am Spigel begréisst an op d’Schëller klappt.

Be you for you!
https://marina.lu/wp-content/uploads/2021/03/icf-member-badge-160x160.png
https://marina.lu/wp-content/uploads/2022/02/ecnlp-160x160.png

2021 © Marina Clement