Entwéckel dech!

Marina Clement

Stäerkten erkennen

an ausbauen

Ech begleeden de Mënsch a senger perséinlecher Entwécklung, ënnerstëtzen hien seng Bedierfnesser bewosst ze kommunizéieren an ze erkennen.

Entwéckel dech!

Marina Clement

Stäerkten erkennen

an ausbauen

 

Ech begleeden de Mënsch a senger perséinlecher Entwécklung, ënnerstëtzen hien seng Bedierfnesser bewosst ze kommunizéieren an ze erkennen.

Coaching

Fir dech individuell & berufflech an denger PerséinlECHkeetsentwécklung ze begleeden

Mediatioun

Fir Konflikter anescht unzegoen an sou zerstridde Parteien nohalteg a Léisungsorientéiert ze begleeden.

KAJU

Fir sou fréi wéi méiglech Ausgeglach, Gestäerkt an Zefridden, Mënsch ze sinn.                                       

Kennegeléiert hunn ech d'Marina 2017 duerch eng gemeinsam Frëndin. An deene Jore virdrun hunn ech stuer divers Schicksalsschléi an der Famill ënnert den Teppech gekiert an hu méi oder manner aus Fuerwatz deen éischte Rendezvous zu Stolzebuerg geholl. Ganz séier sollt sech rausstellen, dass dem Marina seng positiv Aart a Weis a seng Methoden genee dat Richtegt sinn fir mech aus der Reserv ze lackelen. Mir si ganz vill verdrängten Emotiounen a Verhalensmuster bewosst ginn a lues a lues hunn ech geléiert reegelméisseg Recul ze huelen an et geléngt mer well zimmlech gutt se ze duerchkucken an ze duerchbriechen. Ech ginn awer weiderhin immens gären dohinner, nik nëmmen well ech d'Marina als Mënsch immens gär hunn, mee och well et flott ass an deem Kader nei Energie ze tanken a gemeinsam ze kucken wou de Schong heiansdo dréckt.

Kommunikatioun a PerséinlECHkeetsentwécklung

Kommunikatioun a PerséinlECHkeets-entwécklung

Salut, ech sinn d’ Marina!

Fënnefsproocheg opgewuess, hat ech d’ Chance vu klengem un mat ville Leit kommunizéieren ze kënnen. Wouhier warscheinlech scho fréi den Interêt fir d’ Kommunikatioun hier kënnt. Sou hunn ech fréi dierfen interkulturell Ënnerscheeder liewen an d’Villfältegkeet vum Mënsch beobachten. Am Zesummeliewe vu verschiddene Kulture war de Wonsch ee Beruff auszeüben deen am Notze vum Mënsch war, definéiert.

Et kann een net net kommunizéieren

Sou hunn ech scho fréi als Responsabel Kannergruppe betreit an animéiert, bis ech du selwer Mamma gi sinn. Als Educatrice Graduée hunn ech meng berufflech Erfarungen am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung gemaach. Hei ass de Volet vun der non-verbaler Kommunikatioun beräichert ginn. An d’Verständnis vum Watzlawick sengem berühmte Saatz „Et kann een net net kommunizéieren“ gewuess. Matt der Verantwortung als Coordinatrice vun inklusive Projet’en am soziale Beräich, ass d’ Bewosstsinn komm, datt den Erfolleg vu Projeten u konstant, éierlecher a transparenter Kommunikatioun ofhängeg ass.

Zoufäll déi keng sinn

Mat der Fro beschäftegt, wéi de Wee kéint sinn, datt méi Leit enger Aarbecht kéinten nogoen déi Sie als sënnvoll gesinn, hunn ech de Choix getraff, mech intensiv mat Kommunikatioun a Perséinlechkeetsentwécklung ze beschäftegen. Begeeschtert vun de Moyen déi Kommunikatioun fräisetzt a dem Verständnis wéini se aschränkt, hunn ech meng Ausbildung zum Coach a NLP-Trainer zu Wien lancéiert. Weider virwëtzeg an Zoufäll déi keng sinn, hunn ech eng Formatioun an der Déierekommunikatioun gemaach. Een interessante Volet deen ech wollt kenneléieren a mir d’Vue op enger Zorte Kommunikatioun erméiglecht huet.

Awer ouni Kompromësser

No Theorie a Praxis an de Geheimnisser vu Kommunikatioun mat Mënsch an Déier, ass mäin Interêt gewuess, wéi Mënsche verfaangen am Konflikt rëm zu enee kënne fannen, ouni awer Kompromësser mussen anzegoen. Sou hunn ech mäin MBA Studium mat der Spezialisatioun Mediatioun ugefaangen (Liewenslaf). Weiderhi begeeschtert vun der Kommunikatioun an all sengen Entwécklungen déi méiglech sinn, sinn ech iwwerzeegt, datt all Aarbecht a Verännerung bei sech selwer ufänkt.

An deem Sënn, komm an d’OuRRou an Entwéckel dech zu deem, deen dech Moies mat engem Laachen am Spigel begréisst an op d’Schëller klappt.

Be you for you!