Home Training

Training

Kanner & Jugendlecher,
bewosst am Liewen begéinen
an sech an hierem Rhytmus ent’wéckelen loossen
In deiner Nähe muss ich mich nicht entschuldigen, nicht verteidigen, muss ich nichts beweisen; (…)
über meine ungeschickten Worte, über die Urteile hinweg, die mich irreführen können,
siehst du in mir einfach den Menschen.

Antoine de Saint-Exupéry

Leeschtungsdrock a Stress

Leeschtungsdrock a Stress

Oft ass Riets vu Verhalenskreativen, onzefriddenen, rausfuerdernden oder einfach ustrengenden KaJu. Vum Bebe bis zum Erwuessenen Alter, duerchliewen d’ KaJu, déi verschidde Entwécklungsphasen an deenen gezielte Léierprozesser stattfannen.

Ëmmer méi, sinn och sie onzefridden an sinn engem gewëssen Alldagsdrock ausgesat.

    • Wär et do net hëllefräich ze wëssen, wéi eng aner Méiglechkeeten et ginn d’KaJu an hierer Entwécklung an, an all deene villen Verännerungen an hierem Liewen z’ënnerstëtzen?
    • Fir jiddereen a sengen Emotiounen ofzehuelen wou en ass?
    • Wéi gutt wär et, de KaJu schon sou fréi wéi méiglech Fähegkeeten matt op de Wee ze ginn z’entspaanen?
    • Moyen kennen ze léieren matt Leeschtungsdrock a Stress ëmzegoen?
Mäin Ziel ass et, KaJu an hierem Wuelbefannen a Kierperwahrnehmung z’ënnerstëtzen.

Dëst iwwer adaptéiert an ugepassten Entspaanungseenheeten, déi de KaJu erlaaben hier psychesch Ressourcen opzebauen. Als Educatrice Graduée, Kannerentspaanungstrainerin a Mama vun 3 KaJu, ass d’Wuel vun de KaJu mär ee besonnescht Uleies a menger Aarbecht. Sou ass dee Programm deen ech ubidden aus 20 Joer Erfahrung, an der Betreiung a Begleedung vu Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuesssenen opgebaut ginn. De Fokus läit am Wuelbefannen, wouerhuelen a bewosst ginn vu den eegenen Emotiounen. Dëst andeems d’ KaJu a Rou, Methoden a Moyen matt op de Wee kréien, déi sie gezielt fir sech an hiert Equiliber këne notzen an asetzen. Hinnen Méiglechkeeten ubidden, friddlech matt sech selwer an hierem Géigeniwwer ze kommunizéieren. Sech hiere Bedierfnësser bewosst ze ginn an déi an hierem Besoin auszedrécken.

Ugebueden ginn villfälteg Méiglechkeeten vun klasseschen Entspaanungsmethoden. Vun Otemübungen an sech selwer wouerhuelen, zu Autogenem Training, Yoga oder progressiver Muskelrelaxation, sou och Entspaanungs-, Kierper a Fantasiereesen Allgemengen kann ZeFriddenheet zwëschen Erwuessenen a KaJu verstärkt ginn, wann och den Erwuessenen u Verhalenskreativitéit gewënnt.

Dofir bidden ech och Workshop’en a Formatiounen fir déi Erwuessen un, sou datt d’ KaJu an hierer Entwécklung matt Freed ënnerstëtzt an gefördert därfen ginn. Dëst gëlt fir Elteren, Erzéier, Léierpersonal, Begleeder, u sech fir jiddereen deem d’ Wuel vun KaJu um Häerz läit. Hei ënnendrënner fannt dir e puer Beispiller vu Formatiounen déi ech mat Clienten ausgeschafft hunn:

2021 © Marina Clement