Klangschuelen:
EngKlangschuelenmassage suergt fir eng déif Entspaannung.
Si erzeugt Wuelgefill, baut Stress of, léist Verspaanungen an Blockaden.
Si stärkt d’Selbstheelungskräften vum Kierper an stimuléiert d’Kreativitéit an Schaafenskraaft.
No enger Massage matt Klangschuelen ass déi bannescht Harmonie rem hiergestallt.
D’Wierkungen vun enger Klangschuelenmassage
Duerch d’Schwéngungen, déi vun de Klangschuelen ausginn, gett d’Waasser, aus deem eise Kierper zu ronn 80% besteet, ganz liicht a Beweegung bruecht.
Des Schwéngungen sollen biss an d’Zellen dréngen.
Folgend Beschwerden kenne matt enger Klangschuelenmassage behandelt ginn:
- Gelenkschmerzen
- Verspaanungen
- Duerchbluddungsstéirungen
- Psycheschen an physesche Stress
- Mo- an Darmbeschwerden
- Schlofstéirungen
- Nervositéit
Wéini ass eng Klangschuelenmassage ubruecht:
Bei Stress, Onsecherheet, Uspannungen, Trauregkeet, Iwwerfuederung oder et well een einfach rem an den Aklang matt sech selwer kommen.
Op de bekleednen Kierper ginn d’Klangschuelen opgeluecht a sanft zum Schwénge bruecht,
sou datt engResonanz zweschen dem Kierper an de Kläng vun den Klangschuelen méiglech gett.