Home Mediatioun

Mediatioun

Mediation gëtt als Kommunikatiounstechnik genotzt, fir Betriiber, Schoulen oder Organisatiounen an der Konfliktpréventioun gezielt ze begleeden.
Die bittersten Worte, die Menschen einander sagen, wirken selten so entzweiend wie die ungesprochenen,
die der eine vom anderen vergeblich erwartet.

Hans Carossa

Vermëttlung am Konflikt

Vermëttlung am Konflikt

Médiatioun bitt d’Méiglechkeet ee Konflikt an engem geschützten Kader konstruktiv ze léisen. Dëst matt der Ënnerstëtzung vun engem Médiator, deen d’Parteien am Prozess zu enger zefriddestellender Léisung fir jidderee féiert. Hei ass et wichteg ze wëssen, datt all Partei fräiwëlleg an aus der Eegeverantwortung raus un enger Médiatioun deelhëlt a jidderengem säin Interessi konsidéréiert gëtt.

Mediation gëtt als Kommunikatiounstechnik genotzt, fir Familjen, Betriiber, Schoulen oder Organisatiounen an der Konfliktpréventioun gezielt ze begleeden. Sou kënen Sträitsituatiounen déseskaléiert, Gespréicher gekonnt berouegt an een empatheschen Ëmgang matteneen erméiglecht ginn. Een adäquat Zesummespill vun Verbaler a Non-verbaler Kommunikatioun ass vu grousser Wichtegkeet.

    • Kanner & Jugendlecher kënen spilleresch an altersgerecht un eng Sträitfräi Kommunikatioun gefouert ginn.
    • Elteren kreativ a friddlech Moyen matt op de Wee ginn an der Begleedung vun hieren klengen a groussen Kanner.

2021 © Marina Clement