Home Coaching

Coaching

Wousst du datt Selbstweifel oft onbewosst „Blockaden“ sinn, déi vu négative Glaawenssätz oder Erfahrungen am Laf vum Liewen hier kommen.
Wir wissen wohl, wer wir sind, aber nicht was wir werden können.

William Shakespeare

Entwéckel däi Potenzial

Entwéckel däi Potenzial

Looss eis zesummen däi Potenzial, deng Ressourcen an deng Perséinlechkeet entdecken an entfalen.

Hues du d’Gefill,

    • et misst sech eppes an dengem Liewen änneren?
    • der Zäit hannendrun ze laafen?
    • ze kuerz ze kommen?
    • déi aner erreechen hier Zieler, just du net?
    • jiddereen ronderëm dech schéint dat ‘perfekt’ Liewen ze féieren?

Eigentlech hues du alles wats du brauchs fir këne glécklech ze sinn, an awer bass du onzefridden, einfach onglécklech an dengem Liewen!

Du bass op der Sich no Kloerheet a Rou, Ënnerstëtzung a wichtegen Entscheedungsprozesser, Selbstbewosstsinn fir eng Présentatioun oder een Optrëtt?

Als graduéierten Trinergy Coach, Mental-Trainer an ausgebild an der Hypnose Humaniste, begleeden ech dech an der Verwierklechung vun dengen Zieler, Visiounen an Dreem. Ech schaffen matt där u bewossten an onbewossten Blockagen, sou dat’s du matt Kloerheet a Stärkt däin zukünftegen Wee fir dech kans goen.

Ech ënnerstëtzen dech an der Iwwerwannung vu perséinlechen a beruflechen Herausfuerderungen, dem Wonsch vun Weiderentwécklung a beim Erreechen vun dengen Zieler. Schaffen matt der déi Hindernësser of, déi dech am Liewen drun hënneren weiderzekommen. Dëst geet vun Zäitmanagement iwwer déi perséinlech Ent’wécklung bis hin zu enger positiv aktiver Roll am Dialog a Liewen fannen.

Looss eis zesummen däi Potenzial, deng Ressourcen an deng PerséinlECHkeet entdecken an entfalen. Sou datt Freed a Liichtegkeet den Dirigent vun dengem Liewen ginn. Dofir erlab där an erschaaf Fräiheet an dengen Gesten, Kloerheet an dengen Gedanken sou wéi Rou an dengem Liewen.

Be YOU for YOU!

Komm mär entdecken zesummen bei mär am OuRRou, beim spazéieren am schéinen Ourdall oder gemittlech op enger Bänk beim Floss an och online, wat alles méiglech ass. Ganz an dengem Rhytmus an individuell un dech ugepasst, ent’wéckelen mär zesummen wats du fir dech brauchs a scho laang gesicht hues.

Ech freeë mech, dech an denger PerséinlECHkeetsent’wécklung ze begleeden.

2021 © Marina Clement