Die bittersten Worte, die Menschen einander sagen, wirken selten so entzweiend wie die ungesprochenen,
die der eine vom anderen vergeblich erwartet.
Hans Carossa
Médiatioun bitt d’Méiglechkeet ee Konflikt an engem geschützten Kader konstruktiv ze léisen. Dëst matt der Ënnerstëtzung vun engem Médiator, deen d’Parteien am Prozess zu enger zefriddestellender Léisung fir jidderee féiert. Hei ass et wichteg ze wëssen, datt all Partei fräiwëlleg an aus der Eegeverantwortung raus un enger Médiatioun deelhëlt a jidderengem säin Interessi konsidéréiert gëtt.
Mediation gëtt als Kommunikatiounstechnik genotzt, fir Familjen, Betriiber, Schoulen oder Organisatiounen an der Konfliktpréventioun gezielt ze begleeden. Sou kënen Sträitsituatiounen déseskaléiert, Gespréicher gekonnt berouegt an een empatheschen Ëmgang matteneen erméiglecht ginn. Een adäquat Zesummespill vun Verbaler a Non-verbaler Kommunikatioun ass vu grousser Wichtegkeet.